Am Gemengenarchiv gekroomt: Ardennenoffensiv a Rekonstruktioun
von Michel Pauly
D’Dikricher Gemengenarchiv gehéiert zum kollektive Gediechtnes vun der Stad Dikrich. Mä wat weess eist Gemengenarchiv, eis „Gediechtnesinstitutioun“ dann iwwerhaapt nach iwwer d’Ardennenoffensiv an iwwer d’Rekonstruktioun duerno?
.
Dëse Virtrag hëlt Iech mat op eng Spueresich duerch d’Archiven, op där no allméiglechen Indizien an all Zort vun Dokumenter gesicht, respektiv gekroomt gëtt, fir d’Zäit vun der Ardennenoffensiv an de Jore vun der Rekonstruktioun aus der Siicht vun der Dikricher Gemengeverwaltung nees ze rekonstruéieren.
.