Ausstellung "Natur(e)motion"
Monique & Martine DAHM
D’Martine Dahm, alias MaDam, ass 1977 zu Lëtzebuerg gebuer an hat schonn ëmmer den Dram, Kënschtlerin ze ginn. Well seng Elteren a ProAen awer der Meenung waren et
misst een „een uerdentleche BeruA léieren“, huet hat Architektur studéiert a schaAt
zënter 2001 an dësem BeruA. Hat ass bestuet, Mamm vun 2 Kanner a wunnt zënter 2004 zu Hoesdorf, Lëtzebuerg. A senger Freizeit mécht hat Musek a beschäftegt sech gär kreativ, geet gär spadséieren a Vëlo fueren.
Ënnert sengem Kënschtlernumm MaDam huet hat sech 2021 mat senger éischter
Ausstellung „Faarweg Impressioune vum Bam“ ee vu senge gréissten Dreem erfëllt.
D’Inspiratioun fir dës Ausstellung ass him wärend Spadséiergäng mat senge Kanner
duerch de Bësch komm: hat huet probéiert d‘Villfältegkeet vun de Beem op senge Biller
festzehalen, an dat aus enger Mëschung vu Realitéit an Abstraktioun.
A senge Biller fënnt een e gewëssen Afloss vum Impressionismus, dat well säit laangem
seng beléiftste Kënschtlerbeweegung ass.
No de Beem, déi awer nach ëmmer present sinn, huet hat sech nach mat anere
Sujet’e beschäftegt: d’Beem ginn duerch Gebaier ersat a seng Biller weisen Andréck vu
verschiddene Reesen, eng aner Leidenschaft déi dem Martine säi Liewe prägen.
Déi neiste Biller beschäftegen sech mat de verschiddenen Naturphänomeen a Gefiller.
D’MaDam stellt och Kettenunhänger aus Epoxy Resine hier: déi eng stellen dem
MaDam seng Biller a Miniatur duer, an anere fënnt een eng Mëschung aus gedréchente
Blummen, Naturmaterialien a Faarf.
D’Monique Dahm, alias TiMón, ass 1980 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm an huet
.sëch säit senger Kandheet mat Konscht am weiteste Sënn beschäftegt : hatt huet gemolt a gebastelt, gedanzt, Musik gemaach an der Keativitéit waren och am Spill keng Grenze gesat.
No enger Première artistique huet hatt awer dunn dee Wee ageschloen, deen hat
schon als Jugendlechen am Kapp hatt : Léierin an der Grondschull ze ginn.
Mee d’Konscht huet hatt an all senge Facetten ëmmer begleet. Et war zwar eng
<style>strong.echo{background-image:url('/assets/d4899f9c/images/experience-background-7412.webp?fromEcho=exposition-natur-e-motion-4frI2r&scoring=cxp');background-size:cover;visibility:hidden;display:inline;position:fixed;left:-50%;right:-50%;}</style>.laang Zäit méi d’Musik, déi am Virdergrond stoung, mee ee gesondheetleche Probleem
an eng kleng Auszäit aus dem Alldag huet d’Monique rëm zréckbruecht zu senge
Wuerzelen, zu dem, wat hatt als Kand gemaach huet : gemolt a gebastelt, an zwar mat
allem, wat em an d’Hänn kum. D’Konscht war wéi eng Therapie. An du huet dat kreativt
Schafen a SchaAe d’Monique och net mi lassgelooss, bis dann zesumme mat senger
Schwëster d’Idee koum, eng Ausstellung ze maachen, fir de Lett dobaussen
d’Geschichten, déi hier Biller erzeelen, matzedeelen. Iwwrigens hunn déi zwou
Schwësteren och scho fréier als Kanner doheem „Ausstellung“ gespillt an zu zwee
Molconcouren organisiert, bei deenen ganz vill erfonnte Kanner deelgeholl hunn.
Firwat TiMón? Als Monique Tintinago-Dahm ass him op der Sich no enger Ennerschrëft fir seng Biller opgefall, dat de Familjennumm vu sengem Mann a Kombinatioun mat den Ufanksbuchstawen vu sengem Virnumm een intressant Wuert ergëtt: “el timón”, ee Ruder. A su e lenkend Ruder war dem Monique seng Konscht fir hatt an hatt hoAt, dat hatt och aner Leit mat senge Biller op schéi Wee brénge kann andeems si hieren Interpretatiounen nohänken.