Beatmaking Workshop
Produziere eigene Beats für den Hip Hop Marathon!
Du lauschters gär Hip Hop a Rap? Du wëlls gär emol ausprobéieren, wéi et ass säin eegenen Beat um Computer ze produzéieren?
An dësem Workshop léiers du an 3 Deeg mat enger Musek-Software ëmzegoen, digital Instrumenter kennen an setz Sounds zu engem eegenen Hip Hop-Beat zesummen.
Zesumme mat engem Hip Hop Beatmaker an anere Jonken baut dir Rhythmen a Stécker, déi duerno am Kader vum Hip Hop Marathon zum Asaz kommen. Äer Beats déngen als Instrumental Stécker, op déi d'Rapper hier Texter leeën.
<style>strong.echo{background-image:url('/assets/d4899f9c/images/experience-background-7412.webp?fromEcho=beatmaking-workshop-zZK77q&scoring=cxp');background-size:cover;visibility:hidden;display:inline;position:fixed;left:-50%;right:-50%;}</style>.Du kenns dech net esou mat Musek aus? Kee Problem. Du muss just Loscht matbrengen, fir mat Sounds a Rhythmus ze spillen.
Mell dech elo un a maach mat!
Wat ass "Beatmaking"?
Beim Beatmaking gi Kläng, Rhythmus a Melodien zu engem "Beat" komponéiert. De Beat ass d'Musek (ouni Rap a Gesang) vun engem Hip Hop Lidd a gëtt meeschtens op engem Computer produzéiert.
Daten:
28.10 10:00-15:00 (mat Paus)
29.10 10:00-15:00 (mat Paus)
30.10 10:00-15:00 (mat Paus)
INFO: rocklab.lu