Den Cello-Express
Lëtzebuerger Philharmoniker
An dëser Saison spillen d’Lëtzebuerger Philharmoniker am Kader vun hirem Optrëtt zu Ettelbréck net nëmmen e moderéierte Concert fir Primärschoulskanner, mee och fir d’ganz Famill. Wëllkomm beim Cello-Express Concert! D’Lëtzebuerger Philharmoniker presentéieren dem Tschaikowski seng Rokoko-Variatiounen ënnert der Leedung vum Dirigent Martin Rajna. De Benjamin Kruithof hëlt iech mat de staarken Téin vu sengem Cello mat an eng Welt voller Emotiounen a Faarwen. Begleet vun der Presentatrice Martina Menichetti gëtt dës Expeditioun zu engem onvergiesslechen Abenteuer!
Générique :
Martina Menichetti, Konzept, Text, Moderatioun. Martin Rajna, Leedung. Benjamin Kruithof, Cello.