Endlech en Date
Bartrenger Kaméidi
ENDLECH EN DATE
Bartrenger Kaméidi
E flotte Theaterstéck vum Philipp Alkefug iwwersat vum Frank Leonardy mat Owesiessen
Den Tom huet no ville Joren endlech emol nees en Date. Seng Naupen a seng Nervositéit loossen et awer net zou, datt hie roueg an onopgereegt kann dorunner erugoen. Aus deem Grond freet hie säi Kolleeg Gerry, hien op säi Rendez-vous ze begleeden an him nëtzlech Tipps ze ginn. Mee och de Gerry ass net wierklech en Expert a Saache Fraen.
Mir si virwëtzeg a begleeden déi zwee Männer och an de Restaurant fir eis dee Spaass bei engem gudde Maufel unzekucken.
Um Menu stinn:
.
- Crème de chou – fleur
- Bouchée à la reine oder Croustade de Saumon et Dorade oder Quiche végétarienne
- Äppeltaart .