Invitatioun fir d’Presentatioun vun den demographesche Statistiken zu Iechternach
Invitatioun fir d’Presentatioun vun den demographesche Statistiken zu Iechternach
Dir Dammen an Dir Hären,
Dir sidd häerzlech invitéiert fir méi iwwert d’Bevëlkerung vun Iechternach ze erfueren. Deen Owend präsentéiert eis de CEFIS d’Statistiken iwwer eis Awunner am Kader vum Gemengepakt vum Zesummeliewen, deen d’Gemeng dëse Juni ënnerschriwwen huet.
Als Bierger, awer och al Member vun enger Associatioun, engem Club oder enger Berodungskommissioun sidd dir invitéiert des Geleeënheet wouer ze huelen a méi iwwert är Matbierger ze erfueren an déi demographesch Realitéit zu Iechternach kennen ze léieren.
Hëlleft eis d’Zesummeliewen um lokalen Niveau ze verbesseren a kommt bis laanscht :
23.09.2024 vun 19h00 bis 20h00 am Trifolion
Den Owend leeft op Franséisch a mir bieden Iech eis Bescheed ze soen ob Dir eng direkt mëndlech Iwwersetzung op Lëtzebuergesch, Portugisesch oder Englesch braucht.
Mir invitéieren och um Enn vum Owend op een Éierewäin.
E grousse Merci fir Är Disponibilitéit an Ären Engagement fir eis Stad.
Mir freeën eis Iech begréissen ze dierfen.
.