Wann? Dienstag 20.05.202518:00 - 20:00 Uhr

Iwwer Simulanten, Goss an d’Gesellschaft

Wo? 5, av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC), L-2132 LUXEMBOURG Andere, Kunst, Kultur & Literatur, Schulungen/Konferenzen

Liesung an Diskussiounsowend mam Guy Rewenig

De Guy Rewenig huet en neit Buch geschriwwen; Goss. Wat mir méi dra gelies hunn, wat et eis méi op de Fangerneel gebrannt huet. Et geet an Goss nämlech wéineger ëm Goss, mee eigentlech ëm de Mateneen an enger Gesellschaft, wou een net méi sech selwer ass. Gepräägt vu Klengem u vu Rollebiller a Statussymboler, vu Virstellungen, wéi een ze sinn huet – an et awer ni ass, probéiert de Protagonist Sascha Rink am Buch sech an deem ganze soziale Wirrwarr zu recht ze fannen, andeems e genee dat op d’Spëtzt dreift, wat hien do erlieft: Hien mécht sou wéi wann – a kënnt domat zimmlech wäit.


Fir eis an der EwB stellt sech oft d’Fro nom «richtegen» Mateneen a Fireneen. D’Gemeinschaft an d’Gesellschaft si fir ons Grondfeiler vun enger funktionéierender Liewenswelt; a wann dëst Netz net méi dréit, da fale reieweis Mënschen doduerch.


.

Well wat hu mir um Enn, wa mer mierken, dass et déi ganz Zäit eigentlech guer net ëm Goss gaangen ass – mee dorëmmer, beieneen a fireneen do ze sinn, well wéi sot den Soziolog Hartmut Rosa schonn, un de gelongene Bezéiungen mécht sech Wuelstand däitlech, an net um Revenu.


Iwwert dem Guy Rewenig säi gesellschaftskritescht Wierk wäerte mir deen Owend mam Otör perséinlech schwätzen. Et wäert souwuel gelies ginn, philosophesch hannerfrot a virun allem vill diskutéiert.


Mir wiere frou wann Dir, d’Membere vun der Gemeinschaft, Iech géift un dësem Gespréich ronderëm eist Matenee bedeelegen.


Goss (2024, Editions Guy Binsfeld) kritt Dir och an eisem Bicherzelt op der Oktav ze kafen!.


---


Méi Informatiounen fannt Dir op eisem Site.


Ëm eng Umeldung gëtt gebieden (info@ewb.lu).


---


Projet Sapere Aude 2.0, mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Œuvre Nationale.

© echo.lu
Die nächsten Termine
Dienstag 20.05.202518:00 - 20:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: ErwuesseBildung
5, av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
L-2132 LUXEMBOURG
Auf Karte anzeigen
© echo.lu

Kunst und Gebärden

Kunst und Gebärden
Mehr erfahren
© echo.lu

Visite guidée régulière: Babel heureuse?

Plus d’une langue
Mehr erfahren
© echo.lu

Erëffnungsfeier vum Bicherzelt

400 Joer: Jubiläums-Oktav 2025
Mehr erfahren
© echo.lu

Führung der Philharmonie in deutscher Sprache

Führung der Philharmonie in deutscher Sprache
Mehr erfahren
© echo.lu

Führung der Philharmonie in deutscher Sprache

Führung der Philharmonie in deutscher Sprache
Mehr erfahren
© echo.lu

Führung der Philharmonie in deutscher Sprache

Führung der Philharmonie in deutscher Sprache
Mehr erfahren
© echo.lu

Führung der Philharmonie in deutscher Sprache

Führung der Philharmonie in deutscher Sprache
Mehr erfahren
© echo.lu

Einführung in den tibetischen Buddhismus

Vortrag und Diskussion mit Dr. Gendun Yonten, Gelehrter und Abgesandter des Dalai Lama
Mehr erfahren
© echo.lu

Einführung in die Gebärdensprache

Einführung in die Gebärdensprache
Mehr erfahren


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.