Kannerfestival
Non formal Bildung erliewen : Manner Ecran, méi beweegen, entdecken an erliewen
Um Kannerfestival kënnt Dir d’ non-formal Bildung op eng spilleresch an interaktiv Manéier erliewen andeems Dir zesummen mat Äre Kanner vu 0 bis 12 Joer u ronn 50 spillereschen a kreativen Atelieren deelhuelt.
Déi grouss Auswiel u kreativen, sportlechen, kënschtlereschen, kulturellen a sproochbaséierten Aktivitéiten, déi an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen ugebuede ginn, ënnerstëtzt d’ Entwécklung an d’ Wuelbefannen vun de Kanner, ewech vun den Ecranen.
Dës Aktivitéite verbanne Spill, Entdeckung, Beweegung a Kreativitéit a weisen, wéi d’ non-formal Bildung d’ Entwécklung vu Schlësselfäegkeeten wéi Motorik, Kreativitéit a Sproochkompetenz bei Kanner fërdert.
De Kannerfestival gëtt am Kader vun der Kannerwoch (17. bis den 23. Mee 2025) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, a Collaboratioun mat den Acteure vun der non-formaler Bildung organiséiert, a gëtt Iech d’ Geleeënheet, fir flott Momenter mat Äre Kanner ze erliewen an ze deelen.
.
.
De Programm vum Kannerfestival a vun den Aktivitéiten déi am Kader vun der Kannerwoch organiséiert ginn, fannt Dir op www.semaine-enfance.lu oder www.kannerwoch.lu.