Lëtzebuerger Filmowend mam Geneviève Mersch @Musée, Esch-sur-Alzette
𝗦𝗘𝗡𝗧𝗜𝗠𝗘𝗡𝗧𝗔𝗟 𝗝𝗢𝗨𝗥𝗡𝗘𝗬 (1995) & 𝗜𝗪𝗪𝗘𝗥 𝗔𝗡 𝗘𝗥𝗜𝗪𝗪𝗘𝗥 (1996)
𝗗’𝗙𝗿𝗲̈𝗻𝗻 𝘃𝘂𝗺 𝗥𝗲𝘀𝗶𝘀𝘁𝗲𝗻𝘇𝗺𝘂𝘀𝗲́𝗲 𝗹𝘂𝗲𝗱𝗲𝗻 𝗮𝗻 𝗼𝗽 𝗲 𝗙𝗶𝗹𝗺𝗼𝘄𝗲𝗻𝗱 𝗮𝗺 𝗠𝘂𝘀𝗲́𝗲:
Mam Filmexpert 𝗬𝘃𝗲𝘀 𝗦𝘁𝗲𝗶𝗰𝗵𝗲𝗻 (𝗖𝗡𝗔) an a Präsenz vun der Realisatrice 𝗚𝗲𝗻𝗲𝘃𝗶𝗲̀𝘃𝗲 𝗠𝗲𝗿𝘀𝗰𝗵 geheie mer e Bléck op 2 vun hiren Dokumentarfilmer iwwer d’Nowéie vum 2.Weltkrich.
Profitéiert vun der rärer Geleegenheet, dës 2 Filmer ze gesinn !
https://www.facebook.com/FrennResistenzmusee
𝗦𝗘𝗡𝗧𝗜𝗠𝗘𝗡𝗧𝗔𝗟 𝗝𝗢𝗨𝗥𝗡𝗘𝗬
1995, 43 min., LU/DE
sous-titres français
english subtitles
Am Film vun 1995, léisst d’Geneviève Mersch souwuel fréier US-amerikanesch, ewéi och däitsch Zaldoten zu Wuert kommen, déi 50 Joer no der Ardennenoffensiv d’Dierfer am Norde vu Lëtzebuerg besiche, wou si am Wanter 1944-1945 gekämpft hunn.
𝗜𝗪𝗪𝗘𝗥 𝗔𝗡 𝗘𝗥𝗜𝗪𝗪𝗘𝗥
1996, 35 min., LU/EN
deutsche Untertitel
Am Film vun 1996 geet et ëm d'Awunner vun Eesbech (Eisenbach), vun deenen een Deel op der lëtzebuergescher Säit an een Deel op der däitscher Säit wunnt, a méi speziell ëm den Impakt, deen den Zweete Weltkrich op d'Liewe vun den Awunner hat.
.
4.November 2024
19.30 Auer
@Musée National de la Résistance et des Droits Humains, Esch-Uelzecht
Gratis Entrée
<style>strong.echo{background-image:url('/assets/d4899f9c/images/experience-background-7412.webp?fromEcho=letzebuerger-filmowend-mam-genevieve-mersch-musee-esch-sur-alzette-5U6_SC&scoring=cxp');background-size:cover;visibility:hidden;display:inline;position:fixed;left:-50%;right:-50%;}</style>.