MI MA MACH MUSIK SINGEN, TANZEN, MUSIZIEREN
MI MA MACH MUSIK SINGEN, TANZEN, MUSIZIEREN
Eemol d’Woch kënne sech 6-8 Mammen / Pappen / Bomien / Bopen mat hire Klenge vu 15 Méint - 4 Joer am Cours vum Barbara treffen.
.
Ënner fachlecher Leedung maacht Dir zesumme 45 Minutte Fanger- a Bewegungsspiller, Knéireider, Dänz mat traditionellen an neie Lidder op Däitsch a Lëtzebuergesch. Beléift sinn dobäi Instrumenter wéi Rëselen, Kläckelcher, Trommen oder aner Klanginstrumenter, déi speziell fir kleng Kanner konzipéiert sinn. De Programm ass individuell ausgeschafft, ofwiesslungsräich a reflektéiert d’Joreszäiten, Fester a gräift och wichteg Datumer vun de Kanner wéi de Gebuertsdag op.
17.1, 24.1, 7.2
.
14.2, 28.2, 7.3
14.3, 21.3, 28.3, 4.4