#ouni Filter
Théâtre National du Luxembourg
Mir chatten, posten, sharen, liken... weisen awer net gären eist richtegt Gesiicht, sou wéi mir wierklech sinn. Mir verstoppen eis léiwer hannert enger Fassad. #ouni Filter weist mat spatzen Texter, pointéierten Dialogen, geckege Monologen, skurrille Situatiounen, verréckte Charakteren, witzege Lidder an allerlee Musekselementer op déi verschidden Alldagssituatiounen hin. De Mënsch esou, wéi en ass, denkt a fillt mat senge Gewunnechten, Macken, Schwächten a Stäerkten. Ouni Filter. Am Spigelbild, dat mir virgehale kréien, erkenne mir eis selwer a stelle fest, dass mir net anescht sinn, wéi déi aner, an zesumme laacht et sech besser iwwert seng eegen Dommheeten. Fir all déi, déi sech selwer net ze eescht huelen a Loscht hunn, e sozialkritesche Bléck op eis Gesellschaft an op sech selwer ze werfen a sech dobäi gutt ze amuséieren, bitt #ouni Filter e flotten, lëschtegen Owend, wou ee mat engem Laachen am Gesiicht heemgeet. Well heiansdo ass d’Laachen iwwert de Wansinn vum Alldag dee beschte Wee, en ze bewältegen. D‘Maggy Molitor war laang Presentatrice vum Hei elei kuck elei an och am Theater huet si sech een Numm gemaach mam Ensembel Makadammen, wou si net just Actrice war, mee och e groussen Deel vun den Texter geschriwwen huet.
Eng Produktioun vum Théâtre National du Luxembourg.
Mitwirkung :
Maggy Molitor : Text
Jacqueline Posing-Van Dyck : Konzept, Regie
Netty Glesener : Musek
Christoph Rasche : Bün
Denise Schumann : Kostüm
Zeljko Sestak : Luucht
Stella Riolino : Assistenz
Maggy Molitor, Konstantin Rommelfangen : Schauspill
Netty Glesener, Sven Hoscheit : Live-Musek