Wann? Samstag 22.03.202519:00 - 23:45 Uhr

Quizowend

Wo? 120, route de Luxembourg, L-7360 Helmdange Gastronomie, Andere

Org.: Fanfare Hielem-Luerenzweiler

Wëlls du mat denge Kolleegen äert Wëssen ënner Beweis stellen, da bass du Samschdes den 22. Mäerz 2025 genau richteg am Centre Cuturel zu Hielem um

Quizowend

.

vun der Fanfare Hielem-Luerenzweiler.


Fir eng Ekipp brauch dir 4-6 Leit, an d’Participatioun pro Ekipp kascht 50 €.

Fir den Éiergäiz sou richteg ze entfachen, ginn et natierlech och flott Präisser ze gewannen.


Fir sech virun den ustrengende Froen nach ze stäerken, offréiere mir vun 19:00 - 20:15 Auer Spaghetti à volonté (Bolognese/Napolitaine) fir 14 €/Kapp


Um 20:15 Auer fänkt de Quiz un.


Wärend dem ganzen Owend leeft eise Gedrénks-Service.


Fir är Plazen (an och äert Iessen) ze reservéiere kennt dir iech bis den 10. Mäerz 2025 iwwert d'Email Adresse reservation@fanfarehielemluerenzweiler.com. oder iwwert de QR-Code umellen. (Dir musst eis just den Ekippennumm, e Kapitän mat Email an Telefonsnummer, Unzuel vun de Leit déi matmaachen an do iesse matdeelen.)


Är Umeldung ass réischt geséchert, wann der déi 50 € op de Konto LU75 0019 2400 0055 8000 (BCEE) vun der Fanfare Hielem Luerenzweiler mat der Mentioun “Quiz 2025 - Ekippennumm” iwwerwisen hutt.


D'Iessen a Gedrénks gëtt alles op der Plaz bezuelt.


Mir freeën eis drop e flotten Owend mat iech ze verbréngen


Mat musikalesche Gréiss,

Fanfare Hielem-Luerenzweiler

© echo.lu
Die nächsten Termine
Samstag 22.03.202519:00 - 23:45 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Centre Culturel Helmdange
120, route de Luxembourg
L-7360 Helmdange
Auf Karte anzeigen
© echo.lu

Mämmories

Org.: Fraentreff Lorentzweiler
Mehr erfahren
© echo.lu

Päischtméinden I Lundi de Pentecôte I Pfingstmontag I Pentecost Monday

Päischtméinden I Lundi de Pentecôte I Pfingstmontag I Pentecost Monday
Mehr erfahren
© echo.lu

Päischten I Pentecôte I Pfingsten I Pentecost

Päischten I Pentecôte I Pfingsten I Pentecost
Mehr erfahren


Der Inhalt wird von ECHO zur Verfügung gestellt – Alle Angaben ohne Gewähr!

Möchten Sie Ihre Veranstaltungen im Agenda veröffentlichen? Verwalten Sie und veröffentlichen Sie Ihre eigene Erlebnisse auf www.echo.lu/de/organiser.