Schlappeconcert – e Familljeconcert
Eng jazzeg Zäitrees duerch d’Tin-Pan-Alley
D’Schlappeconcerten sinn eng Serie vu Familljenconcerten, wou sech Wuert a Musek begéinen a gi gespillt an erzielt vun Enseignant‘en vum Escher Conservatoire.
Uewen um Späicher do steet eng al Zäitmaschinn matt där een an d’Vergaangenheet reese kann, wouhinn och ëmmer ee well. Des Kéier soll et op New York vun den 1930-er Jore goen. Mee opgepasst, et gëtt eng Reegel: Et dierf een op der Zäitrees ni d’Hänn nie lassloossen. A wat geschitt, wann een dat awer mécht…? Kommt kucken a läuschteren an iwerzeegt iech selwer!
Kanner, bréngt all är Schlappe mat, well et gëtt gemittlech!
.
Et wierke mat: Romain Gross (Klarinett), Marc Harles (Piano), Sharon André (Erzielung)
Dauer ca 50 min, Alter: ab 4 Joer
.