Wanneer? Zaterdag 22.03.202520:00

Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet

Waar? 38, Avenue Charlotte, L-4530 Differdange Theater, film & voorstellingen

Independent Little Lies - ILL

Veranstaltungsort: Aalt Stadhaus - Salle de spectacle


All Mënsch huet scho mol vum Grof Siegfried héieren, dee mam Däiwel e Pakt agaang ass, fir eng Buerg ze bauen, an där hie jonk Damme beim Buede belästege konnt. Oder vum Jang vu Béimen, deen d'Schueberfouer gegrënnt huet, a sech esou fir Minoritéiten agesat hat, datt och Blanner an d'Arméi duerfte goen. Oder vum Klëppelkrich, an deem jonk Lëtzebuerger dofir gekämpft hunn, hir Aachtchen net mussen op Franséisch ze bestellen...

Mee wat wësst Dir eigentlech wierklech iwwert d'Geschicht vu Lëtzebuerg? Wat huet sech tatsächlech am Joer 963 ofgespillt? Wéini huet d'Land den Habsburger gehéiert, de Fransousen, de Spuenier, den Éisträicher a wat war déi genee Reiefolleg? Wat gouf scho méi beim Wiener Kongress decidéiert? A wéini krut Lëtzebuerg eigentlech genee seng Onofhängegkeet?

Fir Iech vun där penibeler Aarbecht z'erléisen, dat alles op Wikipedia nozeliesen, invitéiert Iech den Theaterkollektiv Independent Little Lies am Kader vu sengem drëssegjäregen Anniversaire bei säi kabarettisteschen Owend fir aarm a räich, jonk an al, normal Stierflecher an esouguer déi, déi et deemools an der Schoul gepackt hunn, an der Geschicht waakreg ze bleiwen. Dat heescht, och wann Dir mengt, Dir kennt iech aus, kommt trotzdeem laanscht! A wie weess, vläicht léiert Dir jo effektiv eppes bäi, well hei gi se all opgedeckt, déi Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet.


Et spillen: Frédérique Colling a Jacques Schiltz
Text an Inzenéierung entwéckelt a Kollaboratioun mam: Claire Wagener a Maurice Sinner
Bün a Kostüm: Michèle Tonteling
Persoun mat Anung: Antoine Lazzari
Produktiounsleedung: Jill Christophe

Eng Produktioun am Kader vum 30. Anniversaire vun Independent Little Lies - ILL, a Koproduktion mam Centre Culturel Régional Aalt Stadhaus Differdange a mam CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck. Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture a vun der Stad Esch-Uelzecht.


Mehr Infos
Prijsinformatie
vanaf1,50€
Boek ticket
vanaf1,50€
Volgende termijnen
Zaterdag 22.03.202520:00

Locatie

Adres: Aalt Stadhaus
38, Avenue Charlotte
L-4530 Differdange
Op kaart tonen

Dédo

Nouveau spectacle
Meer informatie

Tous sur scène

22e édition
Meer informatie

Gérémy Crédeville

Dans L’enquête avec Céline Camara
Meer informatie

Ausverkauft: De Fox an d’Fonsi retten de Bësch

E Film vum Mascha Halberstad
Meer informatie

De Fox an d’Fonsi retten de Bësch

E Film vum Mascha Halberstad
Meer informatie

De Spada am Stadhaus

Gutt Laun
Meer informatie

Zidani

Les pingouins à l'aube
Meer informatie

Los delincuentes

Un film de Rodrigo Moreno
Meer informatie

Hamlet

Kaleidoskop Theater
Meer informatie


Inhoud geleverd door ECHO - Inlichtingen onder voorbehoud van veranderingen en zonder verplichtingen !

Wenst U uw manifestaties aan te kondigen in de agenda ? Registreer uw manifestaties op www.echo.lu/en/organiser.