Tuffi-Pro Atelier (5-10) - Marc Weydert
Alarm am Geessenhaus
Deze inhoud is helaas niet in het Nederlands beschikbaar.
Tock, tock, tock, 't klappt un der Dier.
Wie kënnt bei d'Geessen op Besuch?
.
't ass ee Bekannten, stellt iech vir! Dee kritt es einfach ni genuch.
„Hat hie kee Léiergeld do ginn?” wäert dir iech sécher froen. Da liest dëst Buch, fir ze gesinn, ob dat wäert riicht ausgoen.
.
“Alarm am Geessenhaus” vum Marc Weydert, Laureat vum Concours littéraire national vun 2021, mat Illustratioune vum Laure Demontis, ass eng méiglech Fortsetzung vum beschtbe kannte Mäerchen “De Wollef an déi siwe Geessen” vun de Grimm-Bridder. Wat ass da mam Wollef geschitt, nodeems hie mat de Steng am Bauch an d’Waasser getrollt war? Wat ass aus de siwe Geessercher ginn? A wiem säin däischtere Schiet versetzt eis Geessen do sou a Panik? “Alarm am Geessenhaus” ass am September 2024 bei Editions Schortgen erauskomm. Et ass e Buch fir ze kucken, selwer ze liesen, virgelies ze kréien oder awer och ze lauschteren: Iwwert e QR-Code kann een d’Audio-Versioun genéissen, verzielt vum Auteur selwer.während der LUGA an.
Alter : 5-10 Joer
Reservatioun obligatoresch.