Atelier collage avec Nina Frieden
Atelier collage avec Nina Frieden
Samschdes, den 30. November 2024 vun 9h30-11h30• Fir Kanner vu 6-10 Joer, Material op der Plaz • Op Lëtzebuergesch / Français / English • Gratis Participatioun op Reservatioun iwwert Tel : 51 61 21 -250 oder per Email un bibliotheque@dudelange.luWann’s du Loscht hues eppes Kreatives auszeprobéieren, da komm laanscht ! An dësem Atelier muss net alles perfekt sinn. Mir schneiden a peche faarweg Formen. E puer Schnipselen, den Zoufall an e bësse Courage maachen de Rescht. Esou entsteet däi ganz perséinlecht Konschtwierk, dat sécher méi spannend ass wéi’s du am Ufank geduecht hues.D’Nina Frieden ass fräischaffend Kënschtlerin a Grafikerin spezialiséiert an der Siebdrockkonscht, eng manuell Drocktechnik, déi op d’Ausschneide vu Formen a Schabloune baséiert. Si zitt an hiren Aarbechten Inspiratioun aus ale Vollekserzielungen déi si, op der Sich no Sënn, mat eegenen Erënnerungen an Erliefnesser verbënnt.-----• Pour enfants de 6-10 ans, matériel fourni sur place • En luxembourgeois, français et anglais • Durée 2h • Participation gratuite sur réservation par tél: 51 61 21 -250 ou par email : bibliotheque@dudelange.luTu as envie de faire une activité créative ? Alors n'hésite pas à nous rejoindre ! Dans cet atelier, la perfection n’est pas de mise. Nous découpons et collons des formes colorées. Avec quelques bouts de papier, une dose d’imprévu et un brin d’audace, le reste se fera tout seul. Tu réaliseras ta propre œuvre d'art, aussi surprenant que cela puisse paraître.Nina Frieden est une artiste et graphiste indépendante spécialisée dans la sérigraphie, une technique d'impression manuelle basée sur la découpe de formes et de pochoirs. Son travail s'inspire de contes folkloriques anciens, qu'elle relie aux escapades réelles et rêvées dans sa propre quête de sens.