Tuffi-Junior Atelier (4-6)
Dräikinneksdag
Geschwënn ass Dräikinniksdag an ënner anerem eng flott Geleeënheet fir eis mat leckerem Kuch ze verwinnen. Deen, deen d'Boun fënnt, gëtt zum Kinnek oder zur Kinnigin!
Mir lauschteren zwou spannend Geschichten, déi eis an d'Welt vun der Fantasie entféieren a bastelen eis eng flott Kroun. Gidd kreativ mam Tuffi, schafft mat Faarwen, Glitzer a villen aneren Dekoratiounen fir aus ärer Kroun eppes ganz Besonneschdes ze maachen.
Alter : 4 bis 6 Joer
.Reservéierung obligatoresch.