Tuffi-Junior Atelier (4-6)
E faarwegen Dag
De Januar ass oft gro an däischter.
De Mount ass bekannt fir seng melancholesch Stëmmung, wann d’Däischtert d’Natur iwwerhëlt. Trotz der groer Atmosphär, loosse mir de Kapp net hänken.
Mir gi kreativ an entdecken zesummen d’Schéinheet an de klenge Saache vum Alldag.
.
Mir brénge Faarf a Liicht an d‘Spill a bastelen eppes fir den Dag méi lieweg ze gestalten.
Alter : 4 bis 6 Joer
.
Reservéierung obligatoresch.