D’Rise Katastroph bei der Tëlee
Théâtre
D’Harmonie Klengbetten invitéiert op hir Theatervirstellung am Porsall tëschent Hoen a Klengbetten.
Den Ufank mécht eis Jugend mam Stéck “Den Horror-Club.“:
Eemol am Mount trëfft sech d’Jugend aus der Klengbettener Musek an hirem Horror-Bicher-Tauschclub. An haut den Owend hunn se ee ganz besonnescht grujelegt Exemplar derbäi!
Duerno gëtt et weider mat “D’Rise Katastroph bei der Tëlee“, een Dräiakter vum Winnie Abel, iwwersat vum Jos Weimerskirch:
An engem Fernseestudio gëtt e Casting gemaach fir de Kaf-TV. De Chef, dee gäre kokst, an seng hysteresch Regisseurin sollen tëscht 2 Dammen entscheeden. Wéi eng vun deenen 2 Kandidatinne gëtt di nei Moderatiounsassistentin? Den Theo Klein wollt sech eigentlech als Botzmann bewerben, gëtt awer da mam Moderator aus den USA, dem Mike Buys, verwiesselt. Hien gesäit d’Chance vum Liewe mol endlech zu Geld ze kommen. Dat kéint och klappen, géif net de Mike Buys optauchen! A wat elo?
Wann Dir och beim Kaf-TV wëllt mat maachen, da bestellt schnell Ären Ticket um 621 174 381, oder op info@hklb.lu, well d'Plazen am Studio si limitéiert.
D’Opféierunge sinn den :
14.03.2025 um 20.00 Auer
.
16.03.2025 um 17.00 Auer
19.03.2025 um 20.00 Auer
21.03.2025 um 20.00 Auer
23.03.2025 um 17.00 Auer
Entrée : 12€ Erwuessener / 8€ Kanner
Regie : Nicole Tomasina
Organiséiert vun der Harmonie Kleinbettingen asbl.
Weider Informatiounen ënnert www.hklb.lu