Quand ? Mardi 29.04.202520:00

"LTZBG" Buchvirstellung

Où ? 116, rue de Luxembourg, L-4221 Esch-sur-Alzette Art, culture & littérature

Samuel Hamen

D’Kulturfabrik an Editions Guy Binsfeld invitéieren iech de 29. Abrëll 2025 um 20 auer op e Liesowend am Kader vum Samuel Hamen sengem neie Wierk 'LTZBG'.

Fir dës Occasioun liest d’Schauspillerin Larisa Faber Extraiten aus dem Buch, dat sech aus dräi Monologen zesummesetzt. D’Liesung gëtt be- gleet vun enger Diskussioun tëscht dem Samuel Hamen an der Larisa Faber. Si schwätzen iwwer d’Geschichten aus LTZBG, iwwer Roserei als literaresch Inspiratioun an iwwer den Theater als Bün vum Liewen.

.

No Lecture a Gespréich sinn d’Spectateuren op eng geselleg Renconter mat den Artiste bei engem Patt invitéiert, an et bitt sech fir d’éischte Kéier d’Geleeënheet, LTZBG bei den éditions Guy Binsfeld ze kafen.

Et brauch net vill am Liewen, fir sech am Eck erëmzefannen, an enger Sakgaass, aus där ee sou bal net erauskënnt. A sengem neie Buch LTZBG portraitéiert de Samuel Hamen dräi Mënschen, déi aus hirem Train-train zu Lëtzebuerg erausfalen ...

E jonkt Elterendeel, dat sech mam Kand am Porte-Bëbee an engem Hollerecher Virgäertche verstoppt an den Terror vum Stater Lifestyle kenne léiert,

e Pensionaire, dee spiert, wéi hien aus der Zäit fält, an dee mat dem Courage vun de Verzweifelten eng Industriezon stiermt,

eng jonk Entreprenesch, déi wéinst engem Schluet an hirem Foodtruck feststécht an déi am Damp vum Kniddelswaasser brutal Wouerechte liest..

D’Eskalatioun kann eis iwwerall erreechen, an dann ass d’Zäit komm, sech Froen ze stellen, iwwer e Land, dat een net versteet, iwwer dat eegent Liewen, dat een nach vill manner versteet. Dräi Monologen, dräi Stëmmen, dräi Blécker op d’Gesellschaft – poetesch, impertinent a präzis an der Diagnos, datt et zu Lëtzebuerg méi ze verléiere wéi ze gewanne gëtt.

Lieu

Adresse: Centre Culturel Kulturfabrik Esch
116, rue de Luxembourg
L-4221 Esch-sur-Alzette
Afficher sur la carte

Visite régulière autour des expositions

Dans le cadre des expositions actuelles à la Konschthal
en savoir plus

Château d'Eltz (Allemagne)

Excursion
en savoir plus

Excursion à Arlon

Excursion à Arlon
en savoir plus

Parc merveilleux, Bettembourg

Parc merveilleux, Bettembourg
en savoir plus

Visite : Ferme d'autruches

Visite : Ferme d'autruches
en savoir plus

VISITE GUIDÉE DE LA NOUVELLE EXPOSITION PERMANENTE

14h30 - Musée – Esch-sur-Alzette
en savoir plus

Edward Steichen, maître du portrait de célébrités

Dans le cadre de l’exposition « Reality Check » du Mois Européen de la Photographie
en savoir plus

Du Papier au Livre : Un Échange Créatif

Dans le cadre de l’exposition « Bert Theis : pour une philosophie collagiste »
en savoir plus

Le Steichen méconnu

À l’occasion du 70ᵉ anniversaire de The Family of Man
en savoir plus


Contenu délivré par ECHO - Informations sous réserve de modification et sans engagement !

Vous souhaitez annoncer vos manifestations dans l'agenda ? Créez, gérez et publiez vos propres expériences sur www.echo.lu/fr/organiser.